DIN A5 - 176 Säiten
Pabeier (19,90€) eBook (9,90€)
liesprouf eroflueden

All bears are dangerous!

Am Alter vun 22 Joer fiert de Fernand eleng mam Vëlo vun Alaska bis un d’Grenz vu Mexiko. No méintelaange Virbereedunge geet et lass an d’Ongewëssheet. Vu Landschaften, deenen hir Einsamkeet a Schéinheet hie sech als jonke Lëtzebuerger nëmme schwéier konnt virstellen, bis an dichtbewunnte Stied a Begéinunge mat Leit, deenen hir Gewunnechten an hir Liewensastellungen eppes ganz Neies sinn. D’Angscht virun der Friemd ass do, mee ëmmer nees hëlt den Appetit op nei Erfahrungen an nei Usiichten d’Iwwerhand. An esou geet d’Rees un der mexikanescher Grenz dann och ouni Vëlo weider. Dat Onbekannt, wat ufanks vläicht bedreelech erschéngt, gëtt schlussendlech zu enger Beräicherung.

inhaltsverzeechnes

  • Alaska – The Last Frontier
  • „Welcome to Canada“
  • Ëmwee duerch d’Inside Passage, Alaska
  • Am Spidol, an nees a Kanada
  • Grizzly Bieren an den Nationalparke vun Jasper a vu Banff
  • Beim Brian a Marianne zu Calgary
  • Extrem Hëtzt am Waterton-Glacier International Peace Park
  • „See you in Heaven“, Montana
  • Awer bis a Patagonien?
  • Yellowstone Nationalpark, Wyoming
  • Wéi an engem Western
  • „All you can eat“ an onendlech Grasstepp, Colorado
  • Panik um Rio Grande, New Mexico
  • Sympathesch Koppel a spektakulär Landschaft
  • E Schroutgewier a bloen Himmel op der U.S. Route 180
  • Beim Gary zu Silver City
  • Kuerze Besuch beim John zu Tucson, Arizona
  • Mam Rucksak a Mexiko
  • E Gringo an der Baja California
  • Och de Xaver ass mam Rucksak ënnerwee
  • Nationalfeierdag zu Mexico-City
  • Palenque – op de Spuere vun de Maya
  • Tragescht Ongléck am Dschungel
  • Kokosnëss a Palmen am Belize
  • Tikal a Finca Ixobel, Guatemala
  • Zu véier bis op Copán, Honduras
  • Eng laang Rees geet op en Enn

Iwwer den Auteur

De Fernand Zeimes ass 1968 zu Beetebuerg gebuer, wou hien dann och seng ganz Kandheet a Jugend verbruecht huet. Op éischte kuerze Vëlosreesen duerch Frankräich, England a Schottland konnt hien e puer Erfahrunge sammelen, éier et duerno op déi grouss Rees goung. 
Nees zeréck an no ofgebrachnem Unisstudium, war de Fernand fir eng kuerz Zäit bei enger Bank ugestallt. Am Moment schafft hie fir de lëtzebuerger Stat. 
Houfrege Papp vun zwee Jongen, gëllen seng Interessen ënner anerem der Konscht.

kontaktéiert den auteur direkt